De Club
Den Deschtennisverain vun Hueschtert an Folscht as 1972 gegrënnt gin. Hueschtert (356 Awunner) an Folscht (301 Awunner) sin zwee kleng Dierfer aus der Gemeng Rammerech (Kanton Réiden).
Den D.T. Hueschtert-Folscht huet fir d'Saison 2008-2009, 7 Seniorsequipen an 1 Cadetsequipe ugemellt an huet insgesamt ronn 40 Memberen (dovunner 35 Spiller). D'Trainingen an d'Championatsmatcher gin zu Folscht am Centre Culturel an zu Kietscht an der Sportshall vun der Primärschoul ausgedroen. Aktuellen Präsident vum Club as den Guy Closener.
De greissten Erfolger vum Verain sin den zweefachen Obstieg an d'Nationaldivisioun an den Gëwenn vun der Coupe Franz Think 2003.
