News Saison 2010-2011
Nuit du Sport 21.05 ab 19.00 zu Kietscht
Programm vun der Nuit du sport:
- Deschtennis mam DT Roboter an Blacklight DT am daischteren
- Mini Triathlon: 250m Schwammen, 10,5km Velo an 3,6 Laafen (Départ 19.30)
- Schach
- Kayak (ab 20.00)
- Fußball: Penalty Shoot Out, TenBaBall, Torwandscheissen
Final vum Challenge FLTT: Hueschtert-Folscht 2 - Ettelbreck 2 1-5
D`Final vum Challenge de la Fédération as Freides, den 22 Abrell 2011 zu Kietscht an der Sportshall gespillt gin. Leider huet eis 2t Equipe mat 1-5 géint Ettelbreck 2 verluer. Den Mihai Grigoreanu konnt den Éierepunkt secheren.
E groussen Merci un déi zahlreich Supporter, dei dei zwou Equipen ennerstetzt hun.
Cadets Divisiounsmeeschter vun der 4ter Divisioun
D`Cadets 1 vum DT Hueschtert-Folscht hun et den 9 Abrell 2011 zu Käerjeng fäerdeg bruecht Divisionsmeeschter vun der 4ter Divisioun ze gin.
Gespillt hun:
Jenny HABETS (D1)
Aly MORES (D1)
Loic PIQUARD (D1)
Tour 1: Hueschtert-Folscht - Nidderpallen 6-0
1/2 Final: Hueschtert-Folscht - Munneref 5-5 (21-16 an de Sätz)
Final: Hueschtert-Folscht - Ouljen 6-3
1/2 Final Challenge FLTT 22.03.11
D´2t Equipe vum DT Hueschtert-Folscht huet et och dest Joer rem gepackt fir an d´Final vum Challenge FLTT anzezeihen. An engem spannenden Match setzen sech Sam Hopp, Mihai Grigoreanu an Serge Decker mat 5-4 geint Zéisseng 2 duerch.
ALLES OP DER KOPP - Gewenner vum Virverkaaf
Folgend Nummeren hun gewonn:
1. Prais: N.1123
2. Prais: N.0789
3. Prais: N.0401
4. Prais: N.0366
D´Gewenner sollen sech per Mail melden: mail@dthostertfolschette.net
ALLES OP DER KOPP 12. März 2011 zu Folscht
Orchester: Haemelmaus Trio
Animatioun an Stemmung: Käpt´n Änder an Matrous K1000
Geldpraisser fir dei schéinstens Masken am Gesamtwert vun 1100 €
1. Prais: 400 €
2. Prais: 250 €
3. Prais: 150 €
Iessen & Drenken:
-Schampes Bar
-Mexiko Bar
-Aus der Kiichen: warmen Wirschtercher an Ennenzopp
...
Entrée:
Virverkaaf: 4 €
Oweskees: 7 €
Gudd Resultater bei den Landesmeeschterschaften den 5/6 März 2011
Excellent Resultater vum Nowues vum DT Hueschtert-Folscht bei den nationalen Landesmeeschterschaften den 5 an 6 März zu Mamer an Jonglenster.
Am Dubbel Dames D kommen d´Andrea Hamen an d´Melissa Hopp op dei 3t Plaaz. Am Dubbel Härren D wannen den Aly Mores an den Loic Piquard och d´Bronzemedaill. Nach besser mecht den Sam Hopp et, zesummen mam Ben Flammang (DT Grousbous-Mäerzeg) wennt hien sensationell den Titel am Härren Dubbel B.
Klickt hei fir weider Informatiounen an Fotoen.
Criterium Préminimes zu Jonglenster: Loic Piquard gett 10ten!
De Loic Piquard (9 Joer) as beim Critérium vun de Préminimes den 13 Februar zu Jonglenster den 10ten gin. Hien konnt dobai 1 Match wannen.
All Coupe Finals Day 19.02.2011
Den 19 Februar 2011 organiseiert den DT Hueschtert-Folscht zesummen mat der FLTT d´Finalen vun denen eenzelnen Coupen zu Réiden an der Sportshaal.
Den Programm vun de Matcher:
15:00 Teens Cup 1/4 Final
Kids Cup 1/4 Final
16:00 Teens Cup 1/2 Final
Kids Cup 1/2 Final
Final Coupe Frantz Think: Nouspelt - Mamer
Final Coupe Julien Mersch: Aischen - Haler
17:15 Teens Cup Final
Kids Cup Final
19:00 Final Coupe Jeunes: Houwald - Bridel
Final Coupe Dames: Houwald - Nidderkäerjeng
Final Coupe de Luxembourg: Iechternach - Diddeleng
Den Entrée as frai!
Nordmeeschterschaften 2011 - Titel fir Decker-Decker am Dubbel Härren
Bei den Nordmeeschterschaften den 30.01.11 zu Wentger konnten den Joel an den Serge Decker iwerraschend den Titel am Härren Dubbel gewannen, an dat an der Final mat 3-1 géint den Mike Kraus an den Louis Gira vun Recken.
Ausserdem as den Sam Hopp excellenten 2ten an der Kategorie B2/B3 gin.
Criterium Préminimes: Loic Piquard
Merry Christmas and a happy new year!
Den Deschtennis Hueschtert-Folscht wenscht allen Visiteuren schéin Chreschtdeeg an e gudden Rutsch!
18.12.10: Interclub Championnat an Spaghettiiessen
D´Fotoen an d´Resultater vum Interclub Championnat an och d´Fotoen vum traditionellen Spaghettiiessen zum Schluss vun der Hinronn, sin online.
Klick hei fir d´Fotoen ze kuken!
18.08.10: Championnat 2010-2011
De 25 September 2010 fängt dei nei Saison un. Den DT Hueschtert-Folscht trett mam 8 Equipen am Seniorschampionnat an mat zwou Jugendequipen un!





