Hei as firgesin all Mount wärend enger Saison, een vun de Spiller vum DT Hueschtert-Folscht firzestellen. An puer Wochen wäert hei de Spiller vum Januar 2011 firgestallt gin!
Den Heng as genee wei den Armand een Urgestein vum Deschtennis Hueschtert-Folscht. Ugefangen huet hien 1972, wei den Verain gegrennt gin as. Allerdings huet den eischten Unlaaf nemmen kuerz gedauert, an zwar bis 1976. Richteg gestart huet den Heng seng DT Carrière 1987 an sait enger ganzer Rei Joeren as hien och ganz aktiv am Comité vum DT Hueschtert-Folscht.
aktuellt Klassement: C1
hechst Klassement: C1
Alter: 53
Am Verain sait: 1972-1976 an 1987 bis haut
E puer Froen un den Heng:
Wat war dain gréissten sportlechen Erfoleg an denger Deschtenniskarrier?
2 x 1/4 Final am Challenge de la Fédératioun
Veteranen Vize-Landesmeeschter am Dubbel C-D
Veteranen Nordmeeschterschaften 3. Plaaz
Nordmeeschterschaften 2009 Cat. C1/C2 3. Plaaz
Wat war deng gréissten Enttäuschung an denger Karrier?
Ech war just C20 gin, dun hun ech am eischte Match 2 Minus gemeet.
Wéieng anner Hobbien hues du nach nierwt dem Deschtennis?
Mountainbike fueren, Formel 1 an Moto GP kuken.
Nenn 3 Grenn wisou´s du beim DT Hueschtert-Folscht spills!
1. Well de Verain hei zu Hueschtert gegrennt gin as
2. Well mir eng super Ambiance am Verain hun
3. Well ech emmer eng gudd Equipe emmt mech hun
Wéi géifs du deng spilleresch Stärken an Schwächen beschreiwen?
Als Stärkt géif ech soen, dat ech emmer kämpfen bis zum leschten Punkt.
Als Schwächt géif ech soen, dat ech dat waat ech um Training spillen, nit am Match kann emsetzen.
Weieng Schlagzeil géifs du als Deschtennisspiller gäeren iwert dech an der Zeitung liesen?
Fautsch Henri iwerraschent Landesmeeschter!
Den Armand Francois as den éischten Spiller deen an deser Kategorie firgestallt gett, firunallem och well hien sait dem Grennungsjoer 1972 am Verain aktiv as an net nemmen hannert dem Desch emmer vollen Asaaz fir den Verain gewiesen huet. Sou kemmert hien sech zum Beispill schon sait Joeren em d´Klassementslescht vum Verain.
aktuellt Klassement: B3
hechst Klassement: B3
Alter: 53
Am Verain sait: 1972
E puer Froen un den Armand:
Wat war dain gréissten sportlechen Erfoleg an denger Deschtenniskarrier? Veteranen – Landesmeschter C-D am Doubel 2008.
Veteranen – Landesmeschter C-D am Enzel 2009.
An den en oder aneren Obstieg, die mei oder weiniger iwerraschend waren.
Hei an do hun ech och géint en ganz starken Spiller gewonn.
Wat war deng gréissten Enttäuschung an denger Karrier?
En oder den aneren Ofstieg ( mat der Equipe respektiv inviduel am Klassement ) Hei an do hun ech och geint en mei schwachen Spiller verluer.
Wéieng anner Hobbien hues du nach nierwt dem Deschtennis?
Fussball kuken, joggen an spazéieren goen.
Nenn 3 Grenn wisou´s du beim DT Hueschtert-Folscht spills!
1. Wëll den DT Hueschtert – Foulscht den beschtgefouerten Klub aus dem Land as.
2. Wëll hei Super Trainingsméiglechkeeten bestin.
3. Wëll ech hei Super- Kolleginen an Kollegen hun.
Wéi géifs du deng spilleresch Stärken an Schwächen beschreiwen?
Ech gesin mech virun allem an engem Manschaftspiller, den schon öfters wichteg Matcher mat entsched huet. Meng Schwächt as, dass ech nit regelméissig gut spillen an ze vill Matcher knapp verleieren.
Weieng Schlagzeil géifs du als Deschtennisspiller gäeren iwert dech an der Zeitung liesen?
Den Armand François huet sensationell geint den aktuellen Weltrangeischten Timo Boll gewonn. Nee Spass bei Seit, ech wär frou wann ech en Stammspiller an der eischter Divisioun wär an émol B2 geif gin an bleiwen.